- nathalie
Fit gin mat waarmen Waasser drénken!

Firwat ass waarm Waasser drénken sou gesond?
Och wann et vir eis ongewinnt ass, waarmt Waasser ënnerstëtzt de Kierper a villen Hisiichten a gëtt am Ayurveda scho säit Joerdausenden als en zentralen Bausteen vir eng laang Gesondheet u gesinn.
Duerch kachen krit Waasser eng nei Struktur a gewënnt u Qualitéit. Duerch des verännert Struktur dréngt et déif an Zellen an erméiglecht sou d'Rengegung vun de Lymphgefäasser.
Waasser - déng Liewensgrondlag.
De Kierper besteet aus ca. 60-65% Waasser.
De Kierper braucht Waasser vir Schuedstoffer auszescheeden, et transportéiert Närstoffer a Kierper eegen Substanzen an Zellen, an an d'Organer.
Wat ass sou besonnesch um waarmen Waasser? Duerch opsplécken vu sengen Eegenschaften gëtt Waasser vum Kierper mäi liicht verschafft a verdaut. Jo, Waasser gëtt och verdaut. Et erliichtert Verdauung enorm, kierbt de Stoffwiessel un an ënnerstëtzt sou och Gewichtsreduktioun. Waarm Waasser huet eng berouegend Wierkung op Bauchmuskulatur, wat bei Bauchwéi an och bei den Symptomer vum Reizdarm helleft, et verbessert Verdauungsfunktioun.
Virun enger Moolzecht (ca.30 min) waarmt Waasser drénken, hëlleft dir mäi liicht ze verdauen an et ënnerstëtzt déng Daarmfunktioun. Iwwer den Dag verdeelt waarmt Waasser (ca. 2ltr.) drénken ënnerstëtzt d'Entgëftung vun dengem Kierper. Liewer a Nieren gin entlaascht, du hues mäi Energie a spiers dech besser. Dem Waasser seng Auswierkung op eis Gesondheet gëtt of ënnerschat.