- nathalie
Omega Fettsaieren a firwat leit de Schwéierpunkt um Omega 3?

Omega 3 an Omega 6 sinn essentiell Fettsaieren. Se kënnen net vum Kierper selwer hiergestallt gin.
Omega 3 hemmt Entzündungen woubäi Omega 6 Entzündungen fördert.
D’ Verhältnis vum Omega 3 zum Omega 6 sollt 1 zu 1 sinn. Duerch Liewensmëttelindustrie huet sech dëst Verhältnis awer drastesch geännert. Dofir leit haut de Schwéierpunkt um Omega 3.
Si sinn vir mënschlech Entwécklung an Gesondheet essentiell.
De gréissten prozentualen Deel vun eisem Gehier besteet aus Omega 3 Fettsaieren.
Se hunn 11 verschidden Substanzen woubäi déi bekanntsten DHA, EPA an ALA sinn.
Sie ënnerstëtzen Funktioun vum Gehier an den Aen a sinn wichteg vir d’Entwécklung vum Fötus.
Sie droen zu enger normaler Funktioun vum Häerz bei, reduzéieren den schlechte Cholesterol (LDL), Rheuma, Alzheimer an de Risiko vu Kriibs. Sie hunn e positiven Effekt op eis Daarmflora an op d’Immunfunktioun.
Omega 6 ass Bestanddeel vun der Zellmembran, ass um Wuesstem an un den Reparatiounsprozesser am Kierper bedeelegt.
Hei nach e puer Beispiller vun Omega Fettsaieren an hier Funktioun:
Omega 9 reguléiert de Bluttdrock, de Cholesterol an huet eng positiv Wierkung op de Kreeslaf
Omega 7 ennersetzt Funktioun vum Organismus, späichert d'Energie an huet eng pflegend Wierkung op d’Haut.
Omega 5 ass eng seelen Fettsaier sie ass staark antioxidativ an huet eng harmoniséierend Wierkung op den Hormonhaushalt.
Wei kann ech en iwwerschoss un Omega 6 verhënneren?
Qualitéit vun den Fettsaieren ass extrem wichteg an och dat richteg Verhältnis.
Beim broden op Geméis , Fësch oder Flëesch entsteet ëmmer Omega 6.
Optimal ass vir ze broden Ghee oder Kokosfett.
En héischen Undeel un Omega 6 as och am Flëesch aus der Masseproduktioun ze fannen an och an Ueleger aus Mais a Soja. Distelueleg an Sonneblumenueleg hun och en héischen Undeel un Omega 6.
Gutt Omega 3 Quellen: Fësch, Algen (EPA u. DHA) a Leinueleg woubäi de Leinueleg just ALA huet.
Kombinatioun vum EPA, DHA und ALA as an de Mikroalgen.
Vir eng optimal Versuergung mat deenen verschiddenen Omega Fettsaieren ass ménger Meenung no eng Nahrungsergänzung sënnvoll.