- nathalie
Tipps wei dir ären Stoffwiessel ureege kënnt.

E Stoffwiessel deen gutt funktionéiert versuergt all Kierperzell mat dem wat se brauch, suergt dofir dat Gëftstoffer a Schlaken séier aus den Kierper eraus transportéiert gin an esou, lues awer sécher, iwwerschësseg Kiloen of gebaut gin.
Ären Stoffwiessel kann awer just richteg funktionéieren wann dir en dobäi ënnerstëtzt.
Wat ass de Stoffwiessel?
De Stoffwiessel sortéiert dat wat mir Iessen. Alles wat vir de Kierper netzleg ass gëtt an déi eenzel Zellen transportéiert an alles wat schlecht ass gëtt schnellstméiglech ausgescheet. Dëse Virgang heescht Stoffwiessel oder Metabolismus.
Wei schafft äre Stoffwiessel? Ze séier, ze lues?
Déi eng Mënschen hunn e Stoffwiessel deen ganz séier schafft, dofir awer net effektiv, a hunn sou Problemer zou ze huelen.
Anerer hunn e méi schwéierfällegen Stoffwiessel wat dozou feiert dat se schnell zou huelen an egal wei Sie sech beméien verléieren se kee Gewiicht.
Et gi vill verschidden Methoden vir de Stoffwiessel unzereegen an a säin Gläichgewiicht ze bréngen.
Méng Favoritten:
Tipp 1: Waasser
Wasser sollt äert Liblingsgedrénks sinn, Quellewaasser oder gefiltert Waasser. Just mat hëllef vum Waasser kann eng Zell seng Aufgab erfëllen. D’Ëmweltgëfter, Stoffwiesselgëfter a vill aner Schuedstoffer kënnen just mat hëllef vu Waasser ausgescheet gin.
Verschlakung ass eng vun den Haaptursaachen vir Feelfunktiounen am Organismus wat zu Krankheeten feiere kann. D’ureegen vum Stoffwiessel ass e wichtegen Schrëtt vir ze vermeiden dat Gëfter a Schlaken am Kierper verbleiwen.
Wéi vill Waasser dir sollt drénken hänkt vun der Ernierung a vum Liewensstil of. Als Richtlinn gëllen 30 ml pro Kilo Kierpergewiicht, wat awer bei enger ongesonder Ernierung net duer geet.
Tipp 2: Kalorien reduzéiert Kascht
De Stoffwiessel léist sech méi einfach u reegen wann dir méi kléng Portiounen iesst. Est een ze vill Kalorien op eng kéier, neigt de Kierper dozou Kalorien als Fett ze stockéieren. Est een ze wéineg Kalorien da schalt de Kierper op Hongermodus a leet ze guer Kuelenhydrater als Fett an. Dofir ass et wichteg e Gläichgewiicht ze fannen.
Am beschten eegent sech eng Basen iwwerschësseg Ernierung. Basesch Liewensmëttel liwweren dem Kierper grouss Quantitéiten un Vital- a Mineralstoffer déi de Stoffwiessel ureegen.
Tipp 3: Flohsamen (Psyllium)
Flohsamen sinn léislech Ballaststoffer.
Mueres virum Iessen 1 tl. Flohsamenschalen mat 300 ml Waasser an Owes virum schlofe goen 1 tl. Flohsamenschalen zesummen mat 1 tl. Mineralerde (z.B. Bentonit oder Zeolith) Sou gett rengegungs Kraaft vun de Flohsasmen erhéicht a scho no puer Deeg spiert dir den Ënnerscheed, z.B. wei d’Loscht op Séisses vergeet, wat e groussen Virdeel vir de Stoffwiessel ass.
Tipp 4: Kokosueleg (Bioqualitéit)
Kokosfett huet eng ganz besonnesch Aart u Fett, déi sougenannten Mëttelketteg Triglyceride (MCT). Des Fetter gi vum Kierper praktesch net als Fett op geholl.
Sie fuerderen d’Opnam vum Kalzium a Magnesium, liwweren dem Kierper Energie a reegen de Stoffwiessel un. Och de Cholesterolspigel geet domat erof.
Tipp 5: Vitaminn D3, K2 a Magnesium
De Stoffwiessel brauch Vitaminn D3 vir den Mineralstoffhaushalt, d’Immunsystem a vir Gesondheet vun de Nerven an dem Gehier. Och den Häerzkreeslaf an Zellerneierung sinn vum Vitaminn D3 ofhängeg.
Vir de Stoffwiessel un ze reegen brauch de Kierper genuch Vitaminn D3, am beschten an der Kombinatioun mat Vitaminn K2.
De Vitaminn K2 ass un etlechen liewenswichtegen Stoffwiesselprozesser bedeelegt. Dofir sinn Liewensmëttel mat engem héischen Undeel u Vitaminn K2 empfeelenswäert.
Et gett sou gutt wei kee Stoffwiesselprozess wou Magnesium net drun bedeelegt ass. Dofir gett de Magnesium och als Power-Mineral bezeechent.
Folgen vun engem Magnesium Mangel sinn Stéierungen am Fett- a Kuelenhydratstoffwiessel.
Tipp 6: Beweegung
Dat Beweegung gesond ass, mengen ech, weess jiddereen.
Et ass awer net jiddereen deen Zäit oder Loscht huet Sport ze machen, an et ass och net onbedéngt noutwendeg all Dag 10 km ze joggen oder an engem Studio ze trainéieren vir de Stoffwiessel unzereegen.
Et gin Méiglechkeeten aktiv ze sin ouni groussen Opwand, wei z.B. den Trampolin. 10 Min. gemittlech dorop schwéngen oder sprangen reegt de Stoffwiessel gigantesch un an ass gleichzeiteg e Ganzkierpertraining.
Allgemeng kann een de Stoffwiessel duerch Liewensmëttel wei Kraider, schaarf Gewierzer, Superfood an natierlech Fettkiller wei Zitrusfruucht, Äppel, Saten wei Sonneblummekären u kierpen.
Wann dir den een oder aneren Tipp an ären Alldag integréiert, bemierkt dir scho no puer Deeg déi éischt positiv Auswierkungen op ären Stoffwiessel.
Vill Spaass beim austesten.